Am Gedicht "Een Dag um Lakertenhandel" beschreift den Änder Bausch den Alldag vun engem Lompekréimer. Hie gebraucht heibäi d'Jéinesch also déi Sprooch déi d'Lompekréimer oder d'Lakerten wéi se och nach genannt goufen, geschwat hunn.
Den Änder Bausch gehéiert ouni Zweiwel zu deene puer Lëtzebuerger, déi dës Sprooch nach schwëtzen kënnen. Hien huet vu Kandheet un zu Weimeschkiirch gelieft, also an där Uertschaft vum Land, wou vill Lompekréimer doheem waren. (Rubrique Culture, 4 Minutten).
|
|